Fir eng besser Kontroll an Identifizierung vun den Hënn ze erméiglechen a fir den Hondsmeeschter ze zwenge verschidde Sécherheetsmoossnahmen anzehalen, schreiwt d'Gesetz eng Rei Pflichte fir den Hondbesëtzer vir: 

  • elektronesch Kennzeechnung vum Hond duerch een agreeéierten Déierendokter;
  • Umeldung vum Hond op der Gemeng. Hei musse Rass an Tollwutimpfung hannerluecht ginn;
  • Jährlecht Bezuele vun der Hondssteier asw.

Fir d'Haale vu potenziell geféierlechen Hënn gëll nach méi streng Pflichten/Viraussetzungen. Dës sollen d'Meeschtere vu sou Hënn un hir Verantwortung erënneren:

  • erfollegräicht Deelhuele mam Hond un Dressurcoursen;
  • Attestatioun vum Déierendokter mam Datum vun der Kastratioun bei verschiddenen Hënn;
  • Noweis vum erfollëgräichen Deelhuelen un Hondsmeeschtercoursen säitens dem Hondsmeeschter;
  • Erwuessenenalter an ee Casier vierge asw.