Iert der een Hond adoptéiert, maacht Iech w.e.g. seriö Gedanken iwwert folgenden Text

© Mariiya / Fotolia
All Persoun déi ee Mupp wëll adoptéieren, muss sech bewosst sinn, dass en d'Verantwortung an de Schutz vun engem Liewewiesen iwwerhëlt, dat komplett op säi Meeschter ugewisen ass an dass dat Déier Opmierksamkeet, Fleeg, Léift, Zouneigung, Gedold an och Educatioun brauch.
An deem Sënn muss sech all Hondsmeeschter folgend Froe stellen
- Wéi een Hond passt am Beschten zu mengem Familljen- a Beruffsliewen?
- Hunn ech déi néideg Plaz fir mat em trëppelen ze goen?
- Hunn ech souwuel déi néideg Zäit wéi och Gedold fir mech em en ze këmmeren?
- Akzeptéiert d'Gerance vum Gebai an deem ech wunnen Hausdéieren?
- Kann ech mer d'Fudder an d'Besich beim Déierendokter finanziell erlaben?
- Kann ech garantéiert deem Mupp an 10 Joer nach déi selwecht Fleeg zoukomme loosse wéi haut?
- Sinn all Familljemembere bereet sech em de Mupp ze këmmeren an en ze akzeptéieren?
- Weess ech scho wou ech mam Hond higinn wann ech an d'Vakanz fueren oder krank ginn?
Wann der och nëmmen eng vun dëse Froe mat NEE beäntwert wier et - am Interêt vum Hond a vun Iech - besser op eng Adoptioun ze verzichten.
Wien allerdéngs iwwert all des Froe grëndlech nogeduecht huet a prett ass een Mupp bei sech ze huelen, wäert vill Freed mat sengem neie Kolleg kréien.
Vir verschidde Rassen gëllen allerdéngs speziell Regelungen.