Well mer zimmlech vill Nofro hunn kënnt ët ëmmer méi oft vir, dass mer souguer Stammclienten ofsoe mussen. Bedéngt kënnt dat och doduerch, dass Clienten hir Plaze laang am Viraus buchen an dann am leschte Moment ofsoen.

Duefir musse mer leider Annulatioun/No show-Fraisen aféieren.

Wa sech dem Mupp sain Opentalt verkierzt, ass de Client gehalen eis daat eng Woch am Viraus matzedeelen. Am aner Fall musse mer leider dee komplett gebuchten Opentalt a Rechnung stellen. Dëst gëllt och wann de Mupp spontan virum Enn vum Openthalt ofgeholl gëtt.

Bei engem Crèchemupp (Openthalt vun engem Dag ouni Iwwernuechtung)

Wann de Mupp nët minimum 24 Stonnen am viraus ifgemellt gëtt, gëtt deen Dag verrechent.

Bei engem Vakancier

Bei engem laang am viraus gebuchten Openthalt fale folgend Umeldefraisen bei der Ofmeldung un:

  • > 1 Mount virum Openthalt: gratis
  • 3-4 Woche virum Openthalt: 50%
  • 2-3 Woche virum Openthalt: 75%
  • < 2 Woche virum Openthalt: 100%

Sollt den Hond nët méi ofgeholl ginn, probéiere mer während enger éischter Phase (max 2 Wochen) de Propriétaire mat alle legale Mëttelen ze fannen oder ze ermëttelen wat em kéint zougestouss sinn.

Sollt daat zu kengem Resultat féieren, wiesselt den Hond an eise Besëtz a mir behalen eis dann daat Recht fir d'Déierche weider ze vermëttelen.

De fréiere Besëtzer kritt an deem Fall dee ganzen Zäitraum a Rechnung gestallt wou d'Déierche bei eis war.

Sollt de Besëtzer natiirlech eng noweisbar Urgence erlidden hunn, behale mer d'Déierche bei eis bis een anere Familjemember et siche kënnt.