Méindes 07:00 - 19:00
Dënschteg 07:00 - 19:00
Mëttwoch 07:00 - 19:00
Donneschteg 07:00 - 19:00
Freideg 07:00 - 19:00
Samsteg Op Ufro
Sonndeg Op Ufro

Bei eisen Ëffnungszäiten handelt sech em Richtlinen. Mir sinn natirlech op Ufro jidderzäit fir Iech do

Äre Mupp kritt nom selweschte Rythmus wéi doheem z'iessen.

Am Léiwsten hu mer wann der Ärem Mupp säin Fudder matbréngt.

Wann der dem Mupp keen eegent Iesse matbréngt, kritt en es fir ee gerengen Oppräis aus eisem Stock vun der Marque VetConcept (Drëschefudder: Young Pack, Basic Pack oder Vitality Pack je no Alter vum Mupp - Naasfudder: verschidde Geschmacksrichtungen).

Äre Mupp muss minimum ee Mount viru sengem Openthalt bei eis géingt folgend Krankheete geimpft ginn

  • Tollwut
  • Muppekrankheeten: Staupe, Hepatitis, Leptospirose, Parvovirose, Parainfluenza
  • Zwingerhouscht
  • Impfkaart
  • Séng Lénkt a säin Halsband / Harnais
  • Säi Fudder (no Méiglechkeet)
  • Verschiddenes (wéi z.Bsp. séng Spillsaach, säi Kuerf oder séng Decken ...- net obligatoresch)

Sollt Ärem Hond eppes geschéien oder sollt en an eng medizinesch Noutlag kommen, wende mer eis vertrauensvoll un

  • Dr Simone MOUSEL
    104 Route d'Arlon
    L-8210 Mamer
    Tel.: +352 26 11 99 71

Laut dem Hondsgesetz vum 15.05.2008 ass et obligatoresch fir den Hond elektronesch kennzeechnen (chippen) ze loossen.

Wann der nët wësst op ären Hond gechippt ass, kënnt der daat bei ärem Déierendokter nofroen. Hie fënnt dat mëttels Liesgerät eraus well am Prinzip all Hausdéier an der lénkser Halssäit gechippt gëtt. Sollt e gechippt sinn mee dir wësst nët op en (op Iech) registréiert ass, da kënnt der daat op Europetnet erausfannen.