Bréngt eis Är Plasikstëpp !

créée par Claudine Weber | |   Sozialaktioun | Social

Mir sammele Stëpp fir Assistenzhonn

Mir sammelen daat ganzt Joer iwwer Stëpp fir Assistenzhonn a bieden eis Klienten fläisseg matzemaan. Bréngt eis Är Stëpp laanscht wann der ären Mupp bréngt oder ofhuelt respektif, fir déi, wou de Mupp een Taxi kritt, stellt déi gesammelt Stëpp duer wou mer se fannen a mir huele se mat. Wa mir der genuch zesummen hunn, gi mir se an engem point de collecte of.

Wéi funktionnéiert daat ganzt?

Mir sammelen är Stëpp an iwwergi se enger Sammelstell. Wann déi der genuch zesummen huet brengen se se bei Hein Déchêts. Déi weien se of an iwwergi se all x Méint un dValorlux. ASA kréien ee Bong an d'Valorlux hirer Säits iwwerweist der ASA d'Sue fir de Finanzement vun engem Hond. 

D'Hënn déi ASA vermëttelt ginn a Frankräich bei enger Pertnerassoziatioun fir 18 Méint ausgebild a kommen dono op hir Asazplaz. Sollte se aus iergendengem Grond do nët kënne bleiwe gi se zréck un d'Partnerorganisatioun fir weidervermëttelt ze ginn. Ass den Hond ze aal fir nach kënnen agesaat ze ginn, sicht d'Partnerorganisatioun eng léif Familll wou se kënnen hiere Liewensowend als Familljenhond verbréngen. Ët gëtt kee vun deenen Honn ageschléiffert well en ze al ass fir nach ze "schaffen".

 

 

 

Retour